Stëmmt et datt Persounen, déi dréngend en Service an der Klinik missten gemaach kréien, dësen refuséiert kréien opgrond vun engem positiven PCR Test, och wann d’Quarantän schonns Wochen oder Méint zeréckläit ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

En positiven PCR-Test féiert zwangsleefeg zu enger Quarantän. Déi meescht Patienten ginn no enger Ustiechung mam Covid-19 erëm ganz gesond an sinn och deemno net méi positiv. An e puer seelenen Fäll, kann et awer esouguer no der Genesung erëm zu engem positiven Testresultat kommen. Esou weist den Robert-Koch-Institut (RKI) an engem Communiqué vum 30. November 2020 op senger Internetsäit „rki.de“ mam Titel „Hinweise zur Testung von Patienten auf Infektion mit dem neuartigen Coronavirus SARS-CoV-2» drop hin dass en Infizéierten nach Wochen nodeems seng Symptomer ausgebrach sinn positiv getest ginn kann. Den RKI beseet weiderhin

«dass diese positiven RT-PCR-Ergebnisse bei konvaleszenten Patienten nicht zwingend mit Kontagiosität gleichzusetzen sind, wurde mehrfach gezeigt, zum einen durch die parallele Durchführung von PCR und Virusanzucht und zum anderen durch eine großangelegte Studie des koreanischen CDC, die unter anderem Kontaktpersonen von genesenen Patienten mit erneut positiver PCR untersuchte».

Tageblatt.lu bericht an engem Artikel vum 22. Dezember 2020 vun engem Fall, an deem eng Persoun dréngend eng Daarmspigelung an engem Spidol misst gemaach kréien. Dës Koloskopie hätt missen Enn Oktober gemaach ginn, mee opgrond vun enger Ustiechung mam Covid-19 konnt dës net stattfannen. D’Persoun ass an Quarantän gaangen bis den 7. November, se ass dono erëm schaffen gaangen an d’Koloskopie ass ob den 11. Dezember verréckelt gin. Zwee Deeg virun der Daarmspigelung huet dës Persoun erëm missten en Covid-19-Test maachen, deen erëm oder nach ëmmer positiv ausgefall ass. Den Rendez-vous vun der Koloskopie ass doropshin vum Spidol ofgesot ginn an ob Mëtt Januar verluet ginn. D’Persoun muss zwee Deeg virdrun erëm en Test maachen, am Fall wou deen erëm positiv wier kéint d’Persoun dann erëm net ënnersicht ginn.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dëse Fall bestätegen, wou Persounen, déi dréngend en Service an der Klinik missten gemaach kréien, dësen refuséiert kréien opgrond vun engem positiven PCR Test, och wann d’Quarantän schonns Wochen oder Méint zeréckläit ?
  • Huet d’Regierung Kenntnis geholl vun den Studien déi beweisen datt eng Persoun déi infizéiert war mam Virus nach relativ laang dono kann e positiven Test opweisen an datt dëst net forcement heescht datt déi Persoun nach ustiechend ass ?

Déi besote Persoun krut anscheinend vum Gesondheetsministère gesot se sollt sech beim service des plaintes mellen oder am beschten mam concernéierten Spidol schwätzen.

  • Wéi oft huet de Service des Plaintes vum Gesondheetsministère schonns esou Fäll traitéiert ?
  • Wat gëtt am deem Fall, wou eng Persoun déi (nach ëmmer) e positiven Test opweist, an déi awer dréngend ob eng Analyse oder en Agrëff am Spidol ugewisen ass, gemaach?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                                              Claude Wiseler

Deputéiert

Zréck