D’EU huet net genuch Impfdosisse bei deene Pharmakonzerner bestallt déi déi héchsten Effikassitéit virweisen an déi och am séierste kéinte geliwwert ginn. Ginn et Demarchen op National- oder EU-Niveau fir sech nach kuerzfristeg Vaccine vun de concernéierte Firmen ze sécheren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

An engem rezenten Artikel am « Spiegel » war gewuer ze ginn datt d’EU wuel net genuch Impfdosisse bei deene Pharmakonzerner bestallt huet déi déi héchsten Effikassitéit virweisen an déi och am séierste kéinte geliwwert ginn, nämlech nach dës Joer. Aner Länner wéi d’USA hunn sech dës Vaccine awer geséchert a kéinten domat e grousse Virsprong hunn wat d’Impfen ugeet par Rapport zu den EU-Memberstaaten. Dëst kéint natierlech nieft dem Effekt op d’ëffentlech Gesondheet och e groussen Impakt op d’Ekonomie hunn, wann Europa nach an engem Zenario vu Lockdowns wier, an aner Länner schonn erëm normal kënne funktionéieren.

Eisen Informatiounen no, sinn eis Nopeschlänner am Gaang ze probéieren Impfdosisse vun dëse Firmen nozebestellen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen ?
  2. Wa jo, probéiert d’Regierung och nach zousätzlech Impfdosisse vun dëse Firmen ze bestellen ?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn ?
  4. Ginn et Demarchen op EU-Niveau fir sech nach kuerzfristeg Vaccine vun de concernéierte Firmen ze sécheren ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen           Jean-Paul Schaaf         Claude Wiseler

Deputéiert                   Deputéierten               Deputéierten

Zréck