Fir déi Leit déi an de Gemenge südlech vun der Stad Lëtzebuerg wunnen an iwwert d’Route de Thionville a Richtung Stad mam Bus gefuer sinn, ass den neien Terminus op der Rocade keng glécklech Léisung. Wat sinn d’Alternative fir datt dës Leit kënnen besser an d’Stad kommen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

D’Reform vum RGTR Reseau suergt zanter dem 13. Dezember fir vill Diskussiounen an der Bevëlkerung. Bei der Präsentatioun vum 9. Dezember ass de Ministère op vill gestallte Froen net agaangen. Eng sëllege Froe sinn sech gestallt ginn iwwert den Terminus op der Rocade zu Bouneweg. Praktesch all d’RGTR Buslinnen déi aus den ugrenzende Gemenge vun der Stad Lëtzebuerg komm sinn, an an der Vergaangenheet duerch d’Stad gefuer sinn, fannen awer lo zanter dem 13. Dezember op der Rocade hiren Terminus.

Fir déi Leit déi an de Gemenge südlech vun der Stad Lëtzebuerg wunnen an iwwert d’Route de Thionville a Richtung Stad mam Bus gefuer sinn, ass den Terminus op der Rocade keng glécklech Léisung a mécht den ëffentlechen Transport fir dës Leit extrem oninteressant.

De Mobilitéitsministère huet eng Navette agefouert déi bis op de Kierchbierg fiert, wat ze begréissen ass. Laut mengen Informatioune circuléiert dës Navette tëscht 9:00 a 16:00 Auer awer leider just am Stonnentakt, wat de Besoine vun de Leit net gerecht gëtt.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann dës Navette tëscht 9:00 a 16:00 Auer net op Mannst am 30 Minuttentakt tëscht der Rocade an dem Kierchbierg circuléieren?
  • Wat sinn d’Alternative fir déi Leit déi mam Bus aus de Gemenge südlech vun der Stad Lëtzebuerg wëllen an d’Stad fueren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck