Aus wéi engem Grond sinn keng Komponisten déi hei am Land wunnen, resp. Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen vir d’Musek fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung 2020 zu Dubai engagéiert ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Kulturministesch weider ze leeden.

An engem Interview mam Radio 100,7 vum 15. Dezember 2020 bedauert de Lëtzebuerger Komponist an Dirigent Gast Waltzing, datt d’Musek am Lëtzebuerger Pavillon fir d‘Expo 2020 zu Dubai net vu Komponisten aus Lëtzebuerg kënnt. Tatsächlech gëtt de Lëtzebuerger Pavillon mat Kläng vum Berliner Kling Klang Klong gefëllt.

Och d’Federatioun vun de lëtzebuerger Auteuren an Komponisten (FLAC) schwätzt an engem Communiqué vun engem Affront géint déi lëtzebuerger Komponisten.

Wëssend datt de Pavillon op enger Weltausstellung en Aushängeschëld fir e Land duerstellt a besonnesch d’Méiglechkeet bitt, fir d’Kënnen vun sengen Kënschtler a Kulturschafenden ze weisen an ze promovéieren, grad sou wéi dat vun anere vu sengen Secteuren an am generelle vu sengen Awunner, wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Aus wéi engem Grond sinn keng Komponisten déi hei am Land wunnen, resp. Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen vir d’Musek fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung 2020 zu Dubai engagéiert ginn?
  • Wat huet verhënnert am Cahier des charges festzehaalen dass e Komponist aus Lëtzebuerg misst vir d’Museksstécker geholl ginn?
  • Ass d’Regierung net och der Meenung, datt Lëtzebuerg eege Kënschtler huet déi dës Missioun exzellent géinge meeschteren?
  • Mengt d’Regierung net och datt Lëtzebuerg, bei esou engem groussen Evenement a wichtegem Optrag, am Ganze misst representéiert ginn? Dëst am generellen, mee och zemools wann ee bedenkt datt eis Kënschtler duerch Pandemie scho leiden an de Kultursekteur duerch déi aktuell Pandemie-Situatioun staark betraff ass.

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie Modert

Deputéiert

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck