Covid 19 : Sinn d’Mesuren an den Alters- a Fleegeheimer am Aklang mat enger gesamter nationaler Strategie ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend dringend parlamentaresch Fro un d‘ Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no sëtzen eng Rei Alters- a Fleegeheimer fir di nächst 3 Wochen erëm inviduell Gesondheetsmesüren en place fir de Covid-19 anzedämmen. Dëst beinhalt ënnerschiddlech Oploen fir Visitten respektiv Quarantänsmesuren.

 

An dësem Kontext well ech folgend Froen un d‘ Madamm Familljeministesch stellen:

 

–          Ass dës Virgoensweis vun den Haiser am Aklang mat enger gesamter nationaler Covid19 Strategie?

–          Wéi ass d‘ Positioun vun der Madamm Ministesch fir hei Sécherheet a Fräiheet an en Aklang ze kréien?

 

Mat déifstem Respekt,

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck