Stëmmt et datt am Januar eng ganz Rei Servicer wéi den SNJ, de Script oder nach den Office National de l’Enfance aus hiren aktuelle Raimlechkeeten an e Grossraumbüro a Clausen plënneren dat am Moment eidel steet ? Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt et mat der aktueller sanitärer Kris net onbedéngt opportun ass a Groussraumbüroen ze sëtzen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister an den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no sollen am Laf vum Januar 2021 eng ganz Rei Servicer wéi den SNJ, de Script oder nach den Office National de l’Enfance aus hiren aktuelle Raimlechkeeten an e Gebai a Clausen plënneren dat am Moment eidel steet. An dësem Gebai wieren haaptsächlech Open Space/Groussraumbüroen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt et am Moment net onbedéngt opportun ass a Groussraumbüroen ze sëtzen?
  • Wa jo, wat heescht dat fir d’Mataarbechter vun de genannte Servicer?
  • Besteet d’Méiglechkeet datt déi Servicer réischt zu engem spéideren Zäitpunkt an daat nei Gebei plënneren?
  • Wann nee, wéi eng Mesurë gi getraff fir d’Mataarbechter ze schützen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck