Kënnen d’Häre Ministere bestätegen, dass et an nächster Zäit Iwwerwaachungskameraen am Tram an op de Quaie kommen? Gouf déi national Dateschutzkommissioun hei (CNPD) mat engem Avis saiséiert?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend dringend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Kommunikatioun a Medien betreffend d’Kameraiwwerwaachung am ëffentleche Raum weiderzeleeden.

 

Den 16. Juni 2018 huet d’Lëtzebuerger Wort getitelt: „La vidéosurveillance étendue dès cet automne dans la capitale“ a weider:

 

Cet automne, tout le quartier de la gare sera couvert: la rue de Strasbourg, l’aire de jeux place de Strasbourg, la rue 1900, une section de la rue Adolphe Fischer, la rue Glesener, la rue du Commerce et la rue du Fort Wedell.

 

Le quartier de Bonnevoie est aussi concerné: des caméras viseront la place Léon XIII, une partie de la rue de Bonnevoie et les aires de jeux de la rue Sigismond et de la rue des Ardennes.

 

A méi wäit:

 

Dès l’achèvement du projet Royal-Hamilius, qui devrait avoir lieu mi-2019, 21 caméras seront installées sur la place publique, la rue de la Poste, la rue Aldringen et une partie de la Grand-Rue.

 

Den 31. August 2018 huet den deemolegen Minister fir bannenzeg Sécherheet an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro Folgendes geschriwwen:

 

„on peut mentionner que d’autres zones de sécurité, en dehors de la Gare, sont prévues sur la passerelle de vélos sous le Pont Adolphe ainsi qu’à Bonnevoie.“

 

Den 23. Januar 2019 schreift den neien Policeminister:

 

„(…) j’encourage la poursuite du projet d’extension du système de vidéosurveillance dans la

continuité de ce qui avait été annoncé par mon prédécesseur.“ Hien huet dunn awer wieder Etüden annoncéiert.

 

Am Juli 2019 schreift deen nämmlechte Minister:

 

Pour conclure, je reste d’avis que la vidéosurveillance ne constitue pas un remède miracle pour la prévention de la criminalité et que son exploitation doit être strictement limitée et clairement encadrée.

 

Virun enger Woch si mer du gewuer ginn, dass eng Ëmfro bei der Leit zu deem Sujet am gaangen ass. An anere Wierder huet sech zanter den Annoncën vum Juni 2018, wéineg bis guer näischt an déi Richtung gedoen.

 

Mir sinn awer elo gewuer ginn, dass an nächster Zäit Iwwerwaachungskameraen am Tram an op de Quaien installéiert wäerte ginn. D’Regierung huet an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum 25. September 2019 Prezisioune ginn betreffend d’Kameraiwwerwaachung an den Zich, Bussen an Garen:

 

  • Sou goufen tëscht dem 25. Mee 2018 an dem 3. Oktober 2019 114 Demande fir d’Visualisatioun vun den Enregistrementer an den Zich gemaach ginn,
  • 22 mol sinn d’Biller an de Bussen visualiséiert ginn,
  • 246mol sinn d’Videoopzeechnungen an de Garen consultéiert ginn.

 

Mir wéilten duerfir folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

 

  • Kënnen d’Häre Ministere bestätegen, dass et an nächster Zäit Iwwerwaachungskameraen am Tram an op de Quaie kommen?

 

  • Waren d’Häre Ministeren doriwwer informéiert a wat ass hir Aschätzung dozou ?

 

  • Gouf déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) mat engem Avis saiséiert? Wann net, firwat net? Wa jo, wat waren d’Konklusiounen vun der CNPD dozou?

 

  • Kënnen d’Häre Ministeren eis erklären firwat also d’Kameraiwwerwaachung op deene Plazen am ëffentleche Raum kuerzfristeg méiglech, aner laang annoncéiert Projeten nach ëmmer net ëmgesat sinn?

 

  • Kënnen d’Häre Ministeren eis aktualiséiert Zuele liwweren iwwer d’Consultatioun vun Enregistrementer, déi iwwer d’Videosurveillance am ëffentlech Raum realiséiert goufen (opgeschlësselt no Plaz: Zuch, Bus, Gare, aner Sécherheetszonen wou d’Kameraiwwerwaachung bedriwwe gëtt)?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck