Gëtt op der CR226 tëscht Izeg a Bouneweg scho Moies fréi an awer och duerchgoend bis Owes bei wanterleche Konditioune gestreet ? Kann dofir gesuergt ginn datt méi wéi een Mini-Buss zum Asaz komme wann et zu Capacitéitsengpäss sollt kommen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Säit dem 13. Dezember circuléiert eng nei RGTR Buslinn 461 tëscht Izeg-Bouneweg dem Houwald an Hesper. Den Trajet vun dëser Buslinn féiert iwwert den CR226. Um Izegerstee gëtt den Ouvrage OA717 vun de Ponts et Chaussées erneiert wat zu Verkéiersbehënnerunge féiert.

Den CR226 steet zousätzlech nach ëmmer op der Lëscht vun deene Stroossen déi am Wanter net prioritär gestreet ginn. Déi éischt Faart vun dëser neier Linn 461 circuléiert awer scho Moies fréi géint 5h15 iwwert den Izegerstee.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann de Minister mir bestätegen datt de CR226 tëscht Izeg a Bouneweg scho Moies fréi an awer och duerchgoend bis Owes bei wanterleche Konditioune gestreet gëtt?
  • Am Moment circuléiert op dëser Streck just e Mini-Bus. Suergt de Minister dofir datt eventuell e puer Mini-Bussen  zum Asaz komme wann et zu Capacitéitsengpäss sollt kommen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck