Wéi wäit ass de Gesondheetsministère mat der Sensibiliséierungscampagne, déi op méiglechst vill Froe vun de Leit äntwert a jidderee motivéiert sech impfen ze loossen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

D’Memberlänner vun der EU waarden am Moment op d’Zouloossung vu verschiddene COVID-19 Impfstoffer duerch d’EMA („EuropeanMedecines Agency“) fir dann nach Enn dëses Jores oder Ufank 2021 mat hiren Impfcampagnë kënnen unzefänken.

Éier et mat den Impfunge selwer lass geet, muss natierlech eng Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne stattfannen, déi op méiglechst vill Froe vun de Leit äntwert a jidderee motivéiert sech impfen ze loossen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  • Wéi wäit ass de Gesondheetsministère mat dëser Campagne, wëssend datt no de Feierdeeg déi éischt Impfunge kënne gemaach ginn?
  • Wéi gesinn de Plang an den Timing fir dës Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne aus?
  • Iwwer wéi eng Medie gëtt déi Campagne lancéiert ?
  • A wéi enge Sprooche gëtt d’Campagne lancéiert ?
  • Wéi laang soll déi Campagne daueren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo                                Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten                                     Deputéierten

Zréck