Wat gedenkt d’Regierung ze maachen fir der Feinstaubbelaaschtung duerch Autoe mat enger Batterie entgéint ze steieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zur Feinstaubbelaaschtung duerch Autoe mat enger Batterie un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Laut enger rezenter Studie vun der OECD wäerten ab 2035 de gréissten Undeel vu gesondheetsschiedlechem Feinstaub duerch den Ofriff vu Pneuen, Kupplungen a Bremsen an net méi duerch d’Verbrennung vu Kraaftstoffer entstoen. Dofir ass eng Konklusioun vun dem Rapport, dass sech d’Politik och misst mat der Reduktioun vu Feinstaub aus dëse Quellen (Pneu, Kupplung a Bremsen) ausenee setzen. Och wann E-Autoen ouni Kupplung fueren an duerch regenerativ Bremsen de Bremsofriff staark verréngert gëtt, sou sinn Elektroautoen, an och d’Hybrider, méi schwéier wéi vergläichbar Autoe mat engem Verbrennungsmotor wouduerch Pneue vill méi staark belaascht ginn. Och hunn elektresch Autoe méi héich Dréihmomenter. Doduerch kennt et zu engem verstäerkten Ofnotze vun de Pneuen, wéi och vum Pneuefabrikant Michelin bestätegt ginn ass, wat dann erëm d’Feinstaubbelaaschtung virun allem an de Ballungsgebidder erhéicht. An der Studie ginn awer och puer Léisungsvirschléi gemaach wéi zum Beispill manner schiedlech Materialien a Bremsscheiwen, alternativ Strossenbeläge oder „on board-filtering“ vun Emissiounen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass sech d’Regierung dëser Problematik vun der Feinstaubbelaaschtung duerch Autoe mat enger Batterie bewosst?
  2. Wann jo, wéi gedenkt d’Regierung dëser Entwécklung entgéint ze steieren?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                                        Paul Galles

Deputéierten                                                                           Deputéierten

 

Zréck