Plangt d’Regierung en extraen Aspeisetariff fir Solaranlage mat enger West- oder Ost-Ausriichtung fir esou d’Produktioun vu Solarstroum besser iwwert den Dag ze verdeelen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu spezifeschen Aspeisetariffer bei Photovoltaikinstallatiounen un den Här Energieminister weider ze leeden.

Bei der Installatioun vun neie Photovoltaikanlage ergëtt et Sënn net all d‘Panneaue Richtung Süden ze orientéieren. Och wann hei d’Sonn am Stäerkste schéngt, sou féiert des besonnesch an de Summerméint zu enger Erwiermung vun de Panneaue wat en negativen Impakt op hir Leeschtung huet. Sou kann et sinn, dass eng Photovoltaikinstallatioun mat enger Ost-Süd, respektiv Süd-West, Richtung en bessere Rendement huet well et méi kill, ass a moies, respektiv Owes d’Sonn op d’Panneaue schéngt.

Fir an Zukunft eng besser Verdeelung vun der solarer Stroumproduktioun, di an deenen nächste Jore jo soll kräfteg zouhuelen, ze garantéieren, kéint et och interessant si wann Photovoltaikanlage Richtung Osten oder Westen gedréint sinn. Sou hätt ee schonn an de Mueresstonne bzw. nach an den Owesstonne Stroum aus solarer Produktioun zur Verfügung. Leider ass de Rendement vun esou Anlagen iwwert d’Joer gekuckt awer net sou rentabel.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Plangt d’Regierung en extraen Aspeisetariff fir Solaranlage mat enger West- oder Ost-Ausriichtung fir esou d’Produktioun vu Solarstroum besser iwwert den Dag ze verdeelen, bzw. plangt d’Regierung den Stroum jee no Dageszäit ënnerschiddlech ze entlounen wat den selwechten Effekt mat sech géif bréngen?
  • Wann jo, wéi géif des extra Entlounung ausgesinn?
  • Plangt d’Regierung alternativ dozou extra Investitiounshëllefen op Solaranlagen mat enger West-, respektiv Ost-Ausriichtung?
  • Wann nee, wéi eng aner Méiglechkeete gedenkt den Energieminister ze ënnerhuele fir eng konstant Stroumproduktioun aus erneierbaren Energien ze garantéieren?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                   Paul Galles

Deputéierten                                                       Deputéierten

Zréck