Ass e Réckgang an der Schëfffahrt a beim Wuerentransport op der Musel zënter dem Ufank vun de Beschränkungen duerch d’Pandemie ze verzeechnen? Wa jo, wat heescht dat fir d’lëtzebuerger Muselschleisen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Muselschëfffahrt un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Am Ufank vun der COVID-Pandemie war a Frankräich e Réckgang vum Wuerentransport um Waasserwee vu ronn 40% ze verzeechnen. Et schéngt wéi wann momentan och manner Transportschëffer op der Musel ënnerwee wieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Wéi ass d’Entwécklung vum Tonnage op der Musel dës Joer am Vergläich zu 2019?
  • Ass e Réckgang an der Schëfffahrt a beim Wuerentransport op der Musel zënter dem Ufank vun de Beschränkungen duerch d’Pandemie ze verzeechnen?
  • Wa jo, wat heescht dat fir d’lëtzebuerger Muselschleisen?
  • Wéi eng Entwécklung gëtt et am Hafe vu Mäertert zënter Mëtt Mäerz 2020? Ass e grousse wirtschaftleche Schued duerch d’COVID-Pandemie entstanen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck