Stëmmt et datt ze vill Grippe-Vaccine bestallt goufen? Wa jo, wéi vill Vaccine goufen ze vill bestallt? Wat ass de Käschtepunkt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Nodeems et am Oktober eng Penurie u Grippe-Impfunge gouf an d’Apdikten net genuch Vaccine konnte geliwwert kréien, ass Ufank der Woch eng Circulaire un d’Dokteren erausgaangen, aus där een erausliese kann datt vill ze vill Vaccine fir d’Leit an de Gesondheetsberuffer bestallt goufen an datt déi iwwerflësseg Dosen elo den Dokteschcabineten zur Verfügung gestallt gi fir Risikopatienten ze impfen.

Mengen Informatiounen no war och am Summer eng grouss Quantitéit vu Pneumovax géint Longenentzündung bestallt ginn. Well dëse Vaccin awer just ganz kuerz haltbar ass, hätte vill Dosen dovun elo missten zerstéiert ginn.

Am Kader vun enger nationaler Impf-Strategie ass et effektiv sënnvoll déi vulnerabel Leit nieft enger Impfung géint de COVID och géint déi saisonal Grippe an d’Pneumokokken ze impfen.An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Stëmmt et datt elo op eemol ze vill Grippe-Vaccine bestallt goufen?
  2. Wa jo, wéi vill Vaccine goufen ze vill bestallt? Wat ass de Käschtepunkt?
  3. Besteet elo  net de Risiko datt d’Apdikten op hiren Dose sëtze bleiwen?
  4. Wéi laang sinn dës Vaccine haltbar a kënnen se eventuell nächst Joer nach genotzt ginn?
  5. Kann d’Regierung d’Informatioun bestätegen datt ze vill Pneumovax bestallt gouf an datt vill Dosen hu missten zerstéiert ginn? Fir wat war keng Impfcampagne heivir lancéiert ginn?
  6. Wa jo, aus wéi enge Grënn huet d’Regierung deemools keng Campagne gemaach mam Opruff sech impfen ze loossen?
  7. Wéi vill hunn déi Dose kascht déi hu missen zerstéiert ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten

Zréck