Ëmfro iwwer Sécherheetsgefill : Ween huet de Sondage an Optrag ginn a wat gëtt zu wéi engem Zweck gefrot ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend dringend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet betreffend eng rezent TNS-Ilres Ëmfro am Optrag vun der Regierung weiderzeleeden.

 

Wéi eis zougedroe ginn ass, ass e lëtzebuergesche Sondageinstitut domat beoptraagt ginn fir eng Ëmfro iwwer d’Sécherheetsgefill vun de Leit ze maachen. D’Leit gi gefrot, ob si an de leschten 12 Méint verschidden Situatiounen an hirem Quartier erlieft hunn a ob hiert Verhalen am ëffentlechen Raum geännert huet. Donieft ginn d’Leit zur d’Videoiwwerwaachung befrot.

 

Mir wéilten duerfir folgend Froen un den Här Minister stellen :

 

–          Wien huet dëse Sondage an Optrag ginn? Zu wéi engen Zwecker gëtt dëse Sondage realiséiert?

 

–          Wéini ass de Sondage ofgeschloss ?

 

–          Gin d’Resultater vun dëser Ëmfro publizéiert?

 

–          U wéi eng Populatioun riicht sech dëse Sondage? Ass dëse Sondage op d’Awunner vun enger spezifescher Stad, Quartier limitéiert?

 

o   Wa jo, kann de Minister eis soen, ob just d’Awunner vun der Stad Lëtzebuerg respektiv vun eenzele Quartieren vun der Stad Lëtzebuerg befrot ginn ? Wa jo, wéi eng Quartieren sinn hei spezifesch ausgesicht ginn ?

§  Wéivill Awunner goufe pro Quartier ausgewielt? Firwat?

§  Gëtt et eng wëssenschaftlech fundéiert Methodologie, déi der Distributioun vun där Ëmfro zu Gronn läit ?

 

o   Wann d‘Ëmfro net just d’Stad Lëtzebuerg betrëfft, kann den Här Minister eis soen, wéi eng Stied a Gemengen, respektiv Quartieren dovunner, duerch dëse Sondage ofgedeckt sinn? Falls net, gesäit den Här Minister keng Noutwendegkeet fir esou eng Ëmfro op anere Plazen am Land duerchzeféieren?

 

–          Kann den Här Minister eis soen, wéi dës Froen zu stane komm sinn?

o   Huet de Ministär all respektiv eenzel Froen virginn?

o   Gouf sech fir dee Sondage op änlech Ëmfroen am Ausland gestëtzt? Wa jo, wéi eng ?

o   Ass den Här Minister net der Meenung, dass eenzel Froen suggestiv sinn, e.a. eng déi virgëtt, dass sech duerch d’Videoiwwerwaachung d’Kriminalitéit just géif verlageren ?

o   Kann den Här Minister eis confirméieren, dass dës Ëmfro den objektive Krittäre vun der empirescher Sozialfuerschung entsprécht?

 

–          Kann den Här Minister eis soen, wien dës Ëmfro finanzéiert? Wat ass de Käschtepunkt vun dësem Sondage ?

Mat déifstem Respekt,

 

 

 

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Serge Wilmes
Deputéierten
 

 

Zréck