Firwat sinn an de regional Direktiounen eng Partie A1 Posten als Employé de l’État an net als Fonctionnaire ausgeschriwwen ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Edukatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

Laut mengen Informatiounen sinn an den regional Direktiounen eng Partie A1 Posten als «Employé de l’ État» ausgeschriwwen ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dëst confirméieren?
  • Wéi vill där Posten sinn ausgeschriwwe ginn?
  • Wéi een Profil, Ausbildung hunn déi Leit déi engagéiert gi sinn vir dës Posten ?
  • Firwat sinn dës Posten net fir Fonctionnairen ausgeschriwwen ginn ?
  • Wéi eng hierarchesch Befugnisser hunn des Employé’en vis-à-vis vun den Enseignant’en an den Schouldirektiounen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck