Diabetespatiente riskéiere bei enger Hypoglykämie ohnmächteg ze ginn oder esouguer bei schwéiere Fäll an de Koma ze falen. Si brauchen eng Glucagon-Sprëtz fir dem entgéint ze wierken. Neierdéngs gëtt et en Nuesespray mam selwechten Effekt. Ass dësen schonn zu Lëtzebuerg zougelooss ? Wa jo, gëtt e vun der CNS rembourséiert?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Diabetespatiente riskéiere bei enger Hypoglykämie ohnmächteg ze ginn oder esouguer bei schwéiere Fäll an de Koma ze falen. Diabetiker kréien dowéinst ugeroden eng Glucagon-Sprëtz am Frigo ze hunn, fir bei enger Hypoglykämie vun enger Begleetpersoun an de Muskel gesprëtzt ze kréien.

Mengen Informatiounen no gëtt et neierdéngs awer och fir esou Noutfäll en Nuesespray mam selwechten Effekt, deen awer de Virdeel huet datt den Diabetiker en ëmmer kann dobäi hunn, well en am Géigesaz zur Sprëtz net gekillt muss ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, ass deen neien Nuesespray schonn zu Lëtzebuerg zougelooss?
  • Wa jo, gëtt e vun der CNS rembourséiert?
  • Wann nee, fir waat?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck