Firwat ginn bei eis am Land Krankentransporter an Dokteschpraxissen nët vun der Krankekeess rembourséiert ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden. 

Bei eis am Land ginn Krankentransporter an Dokteschpraxissen nët vun der Krankekeess rembourséiert. Rezent sinn ech awer informéiert ginn datt eeler Leit déi mat enger Privatambulanz e ganz kuerze Wee an eng Dokteschpraxissen gefouert ginn, e forfaitairen Trajet vu jeeweils 30 Kilometer berechent kréien.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Weess den Här Minister iwwer nach esou Fäll Bescheed?
  • Wa jo, deelt de Minister d’Meenung datt hei Geschäfter op Käschte vun eeleren a vulnerabele Leit gemaach ginn?
  • Wier dëst net e Grond fir an Zukunft, ënner definéierte Konditiounen, esou Transporter a Privatpraxissen och ze rembourséieren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

  Deputéiert

Zréck