Huet de Ministère unhand vum Contact Tracing Statistiken déi weise wou d’Leit sech infizéieren ? Wa jo, gedenkt d’Regierung dës Statistiken ze publizéieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Matt den Infektiounszuelen déi an de leschte Woche rëm uklammen, klëmmt och erëm d’Onsécherheet an der Populatioun. Aus dësem Grond wier et hëllefräich wann de Ministère géif Statistike publizéieren déi unhand vum Contact tracing erstallt ginn an déi weise wou d’Leit sech infizéieren. Et wier jo interessant ze gesinn op den Infektiounsrisiko méi héich ass op der Aarbechtsplaz, beim Sport, am Restaurant, an der Vakanz etc. an deementspriechend wieren d’Leit och méi sensibiliséiert sech nach besser un all sanitär Oplagen ze halen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Huet de Ministère esou Statistiken unhand vum Contact Tracing ?
  2. Wa jo, gedenkt d’Regierung dës Statistiken ze publizéieren?
  3. Wann nee, fir wat?
  4. Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt esou eng Statistik hëllefräich wier?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                  Claude Wiseler

Deputéiert                                          Deputéierten

Zréck