Wier et net sënnvoll datt extra Teststatioune fir Schüler agerriicht ginn, fir datt d’Waardezäiten net ze laang sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Educatiounsminister weider ze leeden.

Am Moment gi ganz vill Schoulkanner an de COVID-19 Test geschéckt, entweder well se selwer Symptomer hunn, well e positive Fall an hirer Klass war oder well si mat engem Positiven a Kontakt waren. Dëst bréngt mat sech datt vill Laboratoiren uechter d’Land iwwerlaf sinn an d’Eltere mat hire Kanner oft Stonnelaang waarde musse bis se getest ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  1. Wéi vill Schüler goufe säit Schoulufank getest?
  2. Deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier extra Teststatioune fir Schüler anzeriichte fir datt d’Waardezäiten net ze laang sinn?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto                                Claude Wiseler

Deputéiert                                         Deputéierten

Zréck