Wéini wäert den Minister eng Waasserstoffstrategie fir Lëtzebuerg virstellen? Wäert sech Lëtzebuerg an dësem Kontext un europäeschen Projeten bedeelegen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu enger Waasserstoffstrategie vun Lëtzebuerg un den Här Energieminister weider ze leeden.

D’EU-Kommissioun huet den 8.7.2020 eng Waasserstoffstrategie fir en klimaneutral Europa virgeluecht, wou detailléiert beschriwwen gëtt firwat d’Europäesch Unioun esou eng Strategie brauch fir hir Klimaziler ze erreechen. Och fir Lëtzebuerg kéint den propperen Waasserstoff, dat heescht wou den Stroum fir Waasserstoff ze produzéieren aus erneierbaren Energiequellen kennt, interessant sinn, notamment als Brennstoff am Transportsecteur an der Aviatioun. Laut Berechnungen vun der FEDIL kéint d’Ersetzen vun Diesel duerch Waasserstoff am Transportsecteur den CO2-Foussofdrock vun Lëtzebuerg em bis zu 25% reduzéieren (gekoppelt mat engem 20% Asaz vun synestheschem Kerosin an der Aviatioun). Bis elo huet Lëtzebuerg awer nach keng Waasserstoffstrategie virgeluecht (anescht wie Däitschland zum Beispill). Sou eng Strategie kéint zum Beispill Operateuren vun Gasnetzwierker ënnerstëtzen fir hir Infrastruktur unzepassen, bzw. eng Méiglechkeet duerstellen fir un international Projeten deelzehuelen, etwa dem interregionalen Waasserstoff-Pipeline Projet „mosaHyc“ teschend Däitschland an Frankräich.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéini wäert den Minister eng Waasserstoffstrategie fir Lëtzebuerg virstellen?
  2. Wäert sech Lëtzebuerg an dësem Kontext un europäeschen Projeten (z.B. „mosaHyc“) an/oder Allianzen (z.B. European Clean Hydrogen Alliance) bedeelegen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Viviane Reding

Deputéierten

Zréck