E Stonneplang vir d’Schoul vun 8 bis 13 Auer ass fir verschidde Gemengen och no der Pandemie duerchaus eng valabel Optioun. Géif den Educatiounsminister sou ee Stonneplang, deen vun der Gemeng zesummen mam Schoulpresident, dem Schoulpersonal an den Elteren  ausgeschafft gouf an déi 28 Stonnen respektéiert, guttheeschen ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

 

Vill Gemengen sinn am gaangen déi lescht Virbereedungen fir d’Schoulrentrée 2020/2021 ze treffen.

 

Ee vun de Punkten, deen an deem Kontext diskutéiert gëtt, sinn déi jeeweileg Stonnepläng. Wärend dem Deconfinement goufen Stonnepläng duerch d’Land op eng Plage vun 8 bis 13 Auer reduzéiert. Ee Modell, dee fir verschidde Gemengen och no der Pandemie duerchaus eng valabel Optioun kéint duerstellen, virausgesat d’Léierpersonal an och d’Elteren wieren domadder averstanen.

 

An diverse Gemengen wäicht haut schonn de Stonneplang vum « klassesche » Modell of.

 

Sou fënnt de Cours an der Gemeng Housen 5 Deeg d’Woch vun 7.40 bis 12.35 statt, woubäi d’Klassen aus de Cyclen 2 bis 4 all zweete Samschden och nach Schoul hunn fir op de Contingent vun 28 Stonne ze kommen.

 

D’Cyclen 2 bis 4 an der Gemeng Recken op der Mess hunn en änleche Stonneplang : vu Méindes bis Freides vun 7.55 bis 12.30 a Samschdes vun 7.55 bis 11.45

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

 

  • Wier et méiglech eng Iwwersiicht ze kréien iwwer bestoend Stonnepläng an de Gemengen uechtert d’Land ?

 

  • Wéi bewäert de Minister déi vum « klassesche » Modell ofwäichend Stonnepläng ?

 

  • Géif de Minister e Stonneplang, deen (i) vun der Gemeng zesummen mam Schoulpresident, dem Schoulpersonal an den Elteren  ausgeschafft gouf, (ii) déi 28 Stonnen respektéiert, (iii) awer vum gewinnten Horaire staark ofwäicht, guttheeschen ?

 

  • Wa nee, firwat net ? Gesäit de Minister an deem Fall keen Agrëff an déi kommunal Autonomie ?

 

  • Wa jo, ënnert wéi enge Viraussetzungen géif de Minister sou engem Stonneplang zoustëmmen ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

 

Michel Wolter

Deputéierten

Zréck