Här President,
Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister weiderzeleeden.
D‘Parlament huet aus där nationaler an internationaler Press misste gewuer ginn, datt d’Grenzen zu Däitschland elo faktesch zou sinn. An och bei der Belsch a bäi Frankräich ginn et nach vill oppe Froen.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
- Wat ass elo Sache fir d’Leit? Wien dierf iwwert d’Grenz no Däitschland a wien net? Wien dierft iwwert d‘Grenz no Lëtzebuerg a wien net? Zu wéi engem Zäitpunkt war d’Regierung au courant vun dësen Decisiounen?
- Wéi ass an dësem Zesummenhang d‘Aarbechtsrecht gereegelt?
- Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir datt d‘Grenze fir d‘Leit erëm faktesch opgi respektiv opbleiwen?
- Wat ass den aktuelle Stand op eiser Grenz zu der Belsch?
- Wat ass den aktuelle Stand op eiser Grenz zu Frankräich?
- Mat wéi enge Rees- an Aarbechtsaschränkungen ass innerhalb vun Europa nach a noer Zukunft ze rechnen?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Marc Spautz
Deputéiert
Zréck