Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.
An der akuter Phase vun der COVID-19 Pandemie ass jo e groussen Deel vun der medezinescher Versuergung ausgefall, aus dësem Grond wollt ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:
Wéi vill Kriibsoperatiounen a Behandlunge konnte wärend dem Confinement net stattfannen? Ass gewosst bei wéi vill Fäll dëst negativ Konsequenze haat?
Wéi goufen déi concernéiert Patienten dee Moment behandelt ?
Wéi eng Mesurë ginn en Place gesat fir ze verhënneren datt et an Zukunft nach emol zu esou Ausfäll vun absolut noutwendegen Operatiounen a Behandlunge kënnt?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Hetto-Gaasch
Deputéiert