Ginn et eventuell Unzeechen, dass eis Nopeschlänner am gaange sinn, eist Land als Risiko-Land anzestufen ? Wa jo, wéi gedenkt d’Regierung deem entgéint ze trieden ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden folgend dringend parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister, un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung weiderzeleeden.

 

Fir eis Camping- an Hotelbranche sinn dës Méint entscheedend fir d’Iwwerliewen. Och duerfir ass et wichteg eng 2. Well ze verhënneren.

 

Kuckt ee sech d’Neiinfektiounen mat Sars-CoV-2 Virus un, z.b. iwwer d’Datesäz vum European Centre for Disease Prevention and Control, sou läit Lëtzebuerg am europäesche Verglach an der Rubrik „14-day cumulative number of COVID-19 cases per 100 000“ op 2. Plaz (mat 83,1 Fäll) direkt hannert Schweden (mat 112,7 Fäll). Fir et eemol graphesch duerzestellen:

 

 

Duerch de „large scale testing“ (LST) – dee mer iwwregens begréissen och am Hibléck op d’Vermeidun vun enger zweeter Well, ass bei eis den Undeel vu Leit, déi mer teste méi grouss wéi am Ausland, wat an der Statistik vu positive Fäll op 100 000 Awunner awer net berücksichtegt gëtt.

 

Estland huet rezent decidéiert, dass wéinst eisen héijen Infektiounszuelen Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, an Isolatioun musse goen. Si referéieren sech dobäi op d’Infektiounszuelen vun de leschte 14 Deeg. Och aner Länner hunn oder schéngen am gaangen ze sinn, Lëtzebuerg als Risiko-Gebitt anzestufen.

Ech wéilt duerfir folgend Froen un den Här Ausseminister, d’Madamm Gesondheetsministesch an den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung riichten :

  • Wier et méiglech den Undeel vu positiv getesten Persounen, déi sech aus dem LST erginn hunn, am Verglach zu de positive Fäll iwwer den „normale“ Wee an dat zanter dem Lancement vum LST, matgedeelt ze kréien ?

 

  • Gëtt d’Regierung vun den europäesche Länner a Kenntnis gesat, wa si Areesrestriktiounen decidéieren, respektiv Reeswarnungen ausstellen ?

 

  • Steet d’Regierung an deem Kontext a reegelméissegem Kontakt mat senge EU-Partner, i.e. och mat eisen direkte Nopeschlänner ?

 

  • Sollt dat de Fall, ginn et Unzeechen, dass z.B. och eis Nopeschlänner am gaange sinn, eist Land zum Beispill als Risiko-Land anzestufen ?

 

  • Wéi gedenkt d’Regierung deem entgéint ze trieden ?

 

  • Ass d’Lëtzebuerger Regierung an enkem Kontakt mat sengen Homologen fir sou Decisiounen ze verhënneren, och mat Bléck op eisen Tourismussecteur ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck