Zu Lëtzebuerg kann et bis zu 3 Deeg daueren bis de Kadaver vun engem Notzdéier vun der Entsuergungsfirma ofgeholl gëtt, eng Situatioun déi um sanitären an hygienesche Plang problematesch ka sinn. Wat sinn d’Ursaachen a wéi gedenkt de Minister dëser Problematik entgéintzewierken?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

D’Entsuergung vu gestuerwen Notzdéieren ass hei am Land duerch eng spezialiséiert Firma gereegelt a gëtt och integral vum Staat iwwerholl. Fir eng Entsuergung muss de Proprietär nom Doud vun engem Notzdéier des Firma informéieren, déi de Kadaver da spéitstens den Dag no der Informatioun muss siche kommen. Bei Feierdeeg respektiv Sonndes kann des Frist em 24 Stonne verlängert ginn.

Laut mengen Informatioune ginn et awer Problemer bei der Entsuergung vun de Kadaveren. Et gi Fäll, do huet et bis zu 3 Deeg gedauert bis dat futtist Notzdéier ofgeholl ginn ass, eng Situatioun déi um sanitären an hygienesche Plang problematesch ka sinn.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen

  • Kann den Här Minister mir des Informatioun confirméieren?
  • Wat sinn d’Ursaachen dass et a verschiddene Fäll méi laang wei een Dag gedauert huet bis den Déierekadaver entsuergt ginn ass?
  • Wei gedenkt de Minister dëser Problematik entgéintzewierken?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Députéierten

Zréck