Ass d’Zuel vun de Studenten, déi eng finanziell Hëllef bei der Uni.lu gefrot hunn, duerch d’Covid-19 Kris an d’Luucht gaangen?

Här Prësident,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Héichschoulminister weiderzeleeden.

Studenten op der Universitéit Lëtzebuerg, déi net an de Genoss vun de finanzielle Studiebäihëllefe kommen well se d’ Konditiounen net erfëllen, hunn d’Méiglechkeet, eng finanziell Ënnerstëtzung ze kréien. Sou gëtt et eng Konventioun tëschend der Uni.lu an dem Héichschoulministär déi mat 420.000 Euro gespeist as (Budgetsartikel 03.2.41.012 : « Bourses pour études supérieures à l’Université du Luxembourg en faveur d’étudiants nécessiteux ne remplissant pas les conditions d’études concernant l’aide financière de l’Etat pour études supérieures et de cas sociaux ») an och den « Hardship Fund» mat dem d´Uni.lu eng weider finanziell Hëllef fir Studente vun der Uni.lu, déi a prekäre Verhältnisser liewen, ubitt.

Well duerch d‘Covid19-Pandemie vill Studenten net schaffe konnten an doduerch finanziell Aboussen hunn, wëll ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

Wéi vill Studenten op der Uni.lu, déi keng finanziell Studiebäihëllef kréien, hun dëst Joer eng Demande bei der Uni.lu gemaach fir eng finanziell Ënnerstëtzung via den Hardship Fund respektiv d‘ Konventioun ze kréien?
Ass dës Zuel am Verglach mam leschte Joer an d‘ Luucht gaangen?
Sinn zënter dem Mount Mäerz Ufroen bei der Uni.lu agaangen vu Studenten, déi zousätzlech finanziell Schwieregkeeten wéinst den Aschränkungen duerch d’Covid19-Kriis kritt hunn?
Wa jo, kann d’Uni.lu se da mat zousätzleche Mëttelen ënnerstëtzen? Kréien déi Studenten och nach aner Hëllefen ugebueden, ob dat vun der Uni.lu, dem Cedies, oder anere staatlechen oder parastaatlechen Instanzen ass?
 

 

Mat déiwem Respekt,

Octavie MODERT

Deputéiert

 

Zréck