Firwat huet d’Regierung decidéiert datt den zentraliséierte Versuergungssystem fir Protektiounsmaterial fir Alters- a Fleegeheemer geschwënn ofgeschaaft gëtt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun weider ze leeden.

Am Ufank vun der COVID-19 Pandemie, gouf en zentraliséierte Versuergungssystem fir Protektiounsmaterial fir Alters- a Fleegeheemer en Place gesat, dee gutt funktionéiert an d’Haiser mat deem néidege Material versuergt. Eisen Informatiounen no goufen dëser Deeg déi Responsabel vun den eenzele Strukturen informéiert, datt si elo Enn des Mount nach emol eng grouss Liwwerung vu Protektiounsmaterial kréie mat deem si fir e puer Woche missten duerkommen. Dono misst dann all Prestataire sech erëm selwer ëm d’Versuergung këmmeren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune confirméieren?
  2. Wa jo, wat sinn d’Grënn fir dës Decisioun?
  3. No wéi enge Critèrë gëtt déi lescht Liwwerung verdeelt?
  4. Fir wat kann net och an Zukunft esou en zentralen Akaf bestoe bleiwe fir datt et net zur Konkurrenz tëscht de Prestatairë bei der Versuergung mat Protektiounsmaterial kënnt?
  5. Kann d’Regierung sécher stellen datt all Strukturen och an Zukunft genuch Protektiounsmaterial hunn?
  6. Ass gewosst wéi vill Stock vu Material déi eenzel Prestatairen hunn?
  7. Wat wier wann engem Prestataire an Zukunft Protektiounsmaterial géif feelen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                   Marc Spautz

Deputéiert                                             Deputéierten

Zréck