Ginn et vu Säiten vun der Regierung oder vum Minister selwer, kloer Instruktiounen un d’Adress vun de Verwaltungen a Servicer wat d’Handhabung vu Whatsapp oder änleche Messenger-Déngschter ubelangt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premier-, Staats-, Medien- a Kommunikatiounsminister weiderzeleeden.

Den Dateschutzbeoptragten vun der Bundesrepublik Däitschland huet kierzlech drop higewisen, dass d’Verwaltungen a Servicer vum Bund d’Fangere vu Whatsapp loosse sollen.

Och wann déi verschéckten Messagen verschlësselt wieren, sou kéint een un Hand vun de Metadaten Profiler vun de Useren erstellen.

Wann elo op de Messenger-Déngscht vun z.B. Facebook géif zréckgegraff ginn, da wier dat och e Beweis dofir, dass d’Regierung et verpasst hätt selwer en dateschutzfrëndlechen Déngscht op d’Been ze stellen.

Opgrond vun dësen Ausféierungen wéilte mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Deelt den Här Minister d’Aschätzung vum däitschen Bundesdateschutzbeoptragten?

 

  • Wa jo, wéi eng Réckschlëss wëll den Här Minister doraus schléissen?

 

  • Am géigendeelege Fall, wéi gesäit d’Regierung d’Notzen vu sou Déngschter op staatlecher Säit?

 

  • Ginn et vu Säiten vun der Regierung oder vum Minister selwer, kloer Instruktiounen un d’Adress vun de Verwaltungen a Servicer wat d’Handhabung vu Whatsapp oder änleche Messenger-Déngschter ubelangt? Ginn et Verwaltungen a Servicer, an deenen en Zréckgräifen op dës Déngschter ënnersot ass? Kann de Minister eis dës ënnerschiddlech Virgaben erklären?

 

  • Wéi schätzt eis national Dateschutzkommissioun (CNPD) d’Risiken vum Benotzen vu sou engem Medium an? Ginn et Guidelines vu Säiten vun der CNPD, respektiv dem europäesche Verbond vun nationalen Dateschutzautoritéiten an deem Beräich? Ass de Minister net der Meenung, dass sou Guidelines wichteg wieren?

 

  • Huet d’Regierung wëlles eng Zort Messenger-Déngscht fir den ëffentlechen Déngscht op d’Been ze stellen, eventuell an engem Public-Private-Partnership?

 

  • Wa jo, wou sinn dës Iwwerleeungen drun?

 

  • Ginn et änlech Iwwerleungen op europäeschem Niveau an / oder an anere Memberstaaten?

 

  • Wéi leeft aktuell d’Kommunikatioun tëscht de staatleche Verwaltungen an Servicer of? Leeft dat alles iwwer déi klassesch Medien (E-Mail, Post, etc.)?

 

  • Wéi soll dës Kommunikatioun an Zukunft moderniséiert ginn?
  • Wou ginn déi staatlech Informatiounen a Kommunikatiounen aktuell ofgespäichert? Wou stinn d’Serveren op deenen dës Donneën stockéiert ginn (hei am Land oder am Ausland, Drëttstaaten)?

 

  • Wéi vill Späicherkapazitéit huet de Staat aktuell zur Verfügung?
  • Wéi ass d’Sécherheet vun deene Donneën garantéiert (physech an och virtuell)?

 

  • Huet d’Regierung aktuell scho Verträg mat privaten Kommunikatiounsdéngschtleeschter ofgeschloss?

 

  • Goufen et duerfir ëffentlech Ausschreiwungen?

 

  • Wann net, firwat net?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar
Deputéierten

 

Gilles Roth
Deputéierten

 

Zréck