Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister, den Här Finanzminister an d´Madamm Ministesch fir d´Groussregioun weider ze leeden.
Bis dato war d´Positioun vun der Regierung zum Deele vu Steierrecettë mat de Nopeschregiounen ëmmer relativ ofleenend. An enger Pressekonferenz vun der Regierungspartei déi gréng lescht Woch ass awer der hire Co-President Christian Kmiotek sou zitéiert ginn: „Es wäre denkbar, einen Teil unserer Steuererträge mit unseren Nachbarregionen zu teilen, wenn wir so unsere Infrastruktur entlasten können.“
Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un d´Madamm an d´Häre Minister stellen:
- Stëmmt d´Positioun vun der Partei déi gréng mat der Regierung hirer iwwert eneen?
- Wann jo, ass et zu engem Revirement an der Politik vun der Regierung komm? Falls jo, aus wéi enge Grënn?
- Wéi soll déi zukünfteg Relatioun mat de Nopeschlänner an dësem Kontext ausgesinn?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Diane Adehm
Deputéiert
Zréck