Ass d’Regierung bereet d’Méiglechkeet vun enger Derogatioun virzegesi fir datt och Entreprisen déi vun den temporär Mesuren am Kader vun der COVID-19 Krise profitéieren, dierfen un ëffentlechen Ausschreiwungen Deel huelen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, den Här Wirtschaftsminister an den Här Mëttelstandsminister weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no ginn et am Moment Schwieregkeete fir eng Rei Betriber déi bei ëffentlechen Ausschreiwunge wëlle matmaachen. Well vill Betriber am Kader vun der COVID-19 Krise vun enger Rei vun temporäre Mesuren am Beräich vun der TVA an der der Sécurité sociale profitéieren, kënnen si net déi néideg Certificaten ausgestallt kréie fir bei enger Soumissioun mat ze maachen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune confirméieren?
  2. Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt hei séier misste Léisunge fonnt ginn, fir datt déi concernéiert Entreprisen net nach méi Aboussen hunn?
  1. Ass d’Regierung bereet d’Méiglechkeet vun enger Derogatioun virzegesi fir datt och Entreprisen déi vun den temporär Mesuren am Kader vun der COVID-19 Krise profitéieren, dierfen un ëffentlechen Ausschreiwungen Deel huelen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck