Mam Asetzen vum Confinement Mëtt Mäerz hu vill Geschäfter mam Hiweis op méiglech Strofen vu Polizisten gerode kritt hir Dieren zouzemaachen. Dës Betriber staunen haut net schlecht, wann hir Demande op eng Indemnitéit vun de staatlecher Servisser ofgewise gëtt, mam Hiweis si wieren net obligéiert gewierscht zouzemaachen. Wéi wëllt d’Regierung dëse Betriber lo entgéint kommen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Bannenzegt Sécherheet an d’Häre Ministere fir Wirtschaft a Mëttelstand weiderzeleeden.

Et erreechen eis ëmmer nees Message vu Betriber, déi mam Asetzen vum Confinement de 16. respektiv den 18. Mäerz 2020 vu Polizisten mam Hiweis op méiglech Strofen, gerode kritt hunn hir Dieren zouzemaachen.

Dës Betriber staunen haut net schlecht, wann hir Demande op eng Indemnitéit vun de staatlecher Servisser ofgewise gëtt, mam Hiweis si wieren net obligéiert gewierscht zouzemaachen.

Aus deene Grënn wéilt ech folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

  • Sinn d’Ministeren der Meenung, dass hir Krisekommunikatioun ugemiessen war an och bäi de Concernéierten ukomm ass?
  • Hunn d’Ministere Kenntnis vu Betriber, déi sech bäi hinne beschwéiert hunn, well Polizisten si souzesoen gedoen hunn zouzemaachen an si lo am Nachhinein gewuer ginn, dass si guer net viséiert waren vum Verbuet?
  • Kann de Minister fir Bannenzegt Sécherheet mir soen, wéi d’Polizisten op d’Krisereglementer präparéiert goufen? Goufen et an deem Kontext kloer Instruktiounen un d’Beamten vum Terrain? Goufen dës Instruktiounen schrëftlech matgedeelt?
    • Wa jo, ass de Minister bereet eis dës Dokumenter zur Verfügung ze stellen?
    • Wann nee, firwat net? Kann de Minister ausschléissen, dass d’Beamten vum Terrain de Betriber falsch Informatiounen zoukomme gelooss hunn an doduerch Fermeturen vu Betriber erbäigefouert hunn?
  • Wéi wëllt d’Regierung dëse Betriber entgéint kommen?

Mat déiwem Respekt,

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck