An enger Pressematdeelung vum 24. Abrëll 2020 huet et vu Säiten vun der LuxairGroup geheescht, dass hiren aktuellen Generaldirekter den 1. Juni 2020 a Pensioun géif goen. 10 Deeg drop gouf du schonn den neien Generaldirekter proposéiert. Well de Lëtzebuerger Staat bal 40% vum Kapital vun deem Grupp hält a well se eiser Meenung no vun nationalem Interessi ass, stellen sech eng ganz Partie Froen.

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderleeden.

 

An enger Pressematdeelung vum 24. Abrëll 2020 huet et vu Säiten vun der LuxairGroup geheescht, dass hiren aktuellen Generaldirekter den 1. Juni 2020 a Pensioun géif goen.

 

10 Deeg drop gouf du schonn den neien Generaldirekter proposéiert. Am offizielle Communiqué heescht et dozou :

 

« Monsieur Giovanni Giallombardo, Président du Conseil d’Administration de LuxairGroup, a le plaisir d’annoncer, après concertation avec les actionnaires, qu’il entend faire la proposition de nommer lors d’une réunion extraordinaire du Conseil d’Administration qui se tiendra très prochainement, Monsieur Gilles Feith en tant que Directeur général de LuxairGroup à partir du 1er juin 2020.

 

Monsieur Gilles Feith, actuellement Coordinateur général de la défense auprès du Ministère des Affaires étrangères et européennes – Direction de la Défense, sera appelé à mener LuxairGroup dans cette période de changements. Il apportera à LuxairGroup son expérience confirmée de gestionnaire pour faire face aux défis futurs. »

 

Well de Lëtzebuerger Staat bal 40% vum Kapital vun deem Grupp hält a well se eiser Meenung no vun nationalem Interessi ass, erlaben ech mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Kann de Minister mir erklären, ob den Depart vum aktuelle Generaldirekter op den 1. Juni 2020 vu laanger Hand geplangt war oder net?

 

  • Hat de Minister Kenntnis vu méigleche personelle Changementer um Niveau vum Management vum LuxairGroup an deem Moment, wéi de proposéierten Generaldirekter als Responsabelen fir d’Logistik vun der Cellule de crise Covid-19 genannt ginn ass?

 

  • Gouf et fir d’Neibesetzung vum Posten vum Generaldirekter eng Ausschreiwungsprozedur?

 

    • Wa jo,

 

Wier et méiglech dozou méi Detailer gewuer ze ginn?

 

Hate sech och nach aner Kandidaten fir dee Poste gemellt?

 

Waren ënnert de Kandidaten och Leit vum LuxairGroup selwer?

 

Wéi ee Profil huet de LuxairGroup spezifesch gesicht, i.e. wéi eng Qualifikatiounen, Kompetenzen an Erfarungswerter sollt de Successeur virweise kënnen?

 

    • Wann nee,

 

Firwat net?

 

Wier et net méi „normal“ gewiescht sech an turbulenten Zäiten an och fir d’Sortie de crise ze präparéieren, méi Zäit ze loossen beim Choix vun engem Nofollger?

 

Wann net, firwat huet dat ganzt misse sou séier goen?

 

  • Huet den Här Minister de proposéierte Kandidat selwer an d’Spill bruecht? Gouf et dofir e Regierungsbeschloss, respektiv war d’Neibesetzung vum Posten vum Generaldirekter e Sujet am Regierungsrot? Wa jo, wéi eng Positioun huet d’Regierung dozou ageholl?

 

  • Wéi hu sech d’Häre 1. Regierungsrot an Regierungskommissär fir d’Luxair S.A. zu der Kandidatur positionéiert?

 

    • Gouf et am Virfeld eng Ofsprooch tëscht béide Vertrieder vum Staat an dem Minister?

 

    • Gouf et irgendwellech Direktive vum Minister u dës staatlech Vertrieder ?

 

      • Wa jo, wéi eng?

 

      • Wann nee, gëtt de Minister net am Virfeld iwwer sou Virgäng informéiert? Gëtt de Minister de Beamten ni Direktiven mat op de Wee?

 

  • Wëssend dass den proposéierte Generaldirekter aktuell Direkter vun der Défense ass, kënnt et beim LuxairGroup zu enger neier strategescher Ausriichtung a Richtung Militär? Wéi eng strategesch Neiausriichtung erwaart de Minister sech vum LuxairGroup?

 

Mat déiwem Respekt,

Serge WILMES

Deputéierten

Zréck