An 20 Deeg sinn 200 Blomeesen duerch eng Bakterie ëmkomm. Wéi erkläert et sech dass dës Bakterie just fir Blomeesen en déidleche Verlaf kann hunn ? Ass dës Bakterie weder op de Mënsch nach op d’Hausdéieren iwwerdrobar ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Innerhalb vun 20 Deeg goufen iwwer 200 dout Blomeesen a ronn 150 krank Vullen bäi Natur&Ëmwelt gemellt. Laut Radio 100,7 wier eng Bakterie doru Schold. Dës Bakterie, am Fachjargon “Suttonella ornithocola” genannt, géif bei de Blomeesen eng Longenentzündung ausléisen.

Op Grond vun dësen Informatiounen wëll ech folgend Froen d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt stellen:

  • Gouf et an der Vergaangenheet schonn en änlecht «Massestierwen» bäi Blomeesen wéinst dëser Bakterie?

 

  • Kann d’Madamm Ministesch mir méi Informatiounen zu dëser Bakterie liwweren?

 

  • Wéi erkläert et sech z.B. dass dës Bakterie just fir Blomeesen en déidleche Verlaf kann hunn oder sinn och aner Vullenaarten betraff?

 

  • Kann d’Ministesch bestätegen, dass dës Bakterie weder op de Mënsch nach op d’Hausdéieren iwwerdrobar ass?

Mat déiwem Respekt,

 

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck