Funktionéiert de Bewässerungssystem um Tram-Tracé momentan net oder aus wéi enge Grënn ass de Gréngsträife plazeweis verdréchent?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer den ëffentlechen Transport un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Et kann ee feststellen datt op verschiddenen Deeler vum Tram-Tracé, notamment um Lampertsbierg, de Gréngsträifen an deem d’Gleiser leien, komplett verdréchent ass, dat obwuel e Bewässerungssystem verbaut ass, wéi den Här Minister 2017 a senger Äntwert op eng Fro erkläert hat. Deemools war och gesot ginn, d’Bewässerung géif tëscht Abrëll an August lafen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Funktionéiert de Bewässerungssystem um Tram-Tracé momentan net oder aus wéi enge Grënn ass de Gréngsträife plazeweis verdréchent?
  • Ass scho gewosst op de Gréngsträifen op de betraffene Plaze muss ersat ginn? Wa jo, wéi vill kascht dat?
  • Wéi vill huet de Bewässerungssystem um ganzen Tracé kascht ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck