Dierfen och d’Veterinäre rëm vum 4. Mee un normal schaffen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

D’Regierung huet gëschter annoncéiert datt vum 4. Mee un déi medezinesch Aktivitéite rëm méi breet sollen opgemaach ginn an datt och all preventiv Ënnersichungen, Impfungen etc. rëm normal sollen duerchgeféiert ginn. Dëst gëllt fir all Kategorië vun Dokteren esouwuel am Secteur hospitalier wéi extrahospitalier, grad esou wéi fir verschidde liberal Santésberuffer.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Dierfen och d’Veterinäre rëm vum 4. Mee un normal schaffen?
  • Wann nee, virwat?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck