COVID-19: wéi eng Donnéeën goufe bis elo zu Lëtzebuerg gesammelt a wat fir eng Erkenntnisser doraus si mat agefloss an d’Exit-Strategie?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Säit Mëtt Mäerz ass eis Land, wéi grouss Deeler vun der Welt, am Confinement wéinst dem COVID-19. Et goufe strikt Mesuren ergraff fir ze verhënneren datt ze vill Leit gläichzäiteg krank ginn an domadder eis Cliniquen iwwerlaascht géife ginn.

Bis en Impfstoff oder e Medikament fonnt gëtt wäert wuel nach eng Zäitchen daueren a bis dohi geet et drëm lues a lues eng kontrolléiert Exit Strategie ze preparéieren. Vu que datt Lëtzebuerg net direkt mat verschiddene gréisseren anere Länner vergläichbar ass, wier et laut verschiddenen Experte sënnvoll datt mir eis eegen Daten auswäerten.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi grouss schätzt d‘ Regierung den Immunitéitstaux an eiser Bevëlkerung an?
    Huet d‘ Regierung op d‘ Wëssenschaft baséierend Zuelen?Si wëssenschaftlech Etüden an deem Sënn gemaach ginn?
  2. Wéi eng konkret Retrospektiv Etüden si gemaach gi, fir d‘ Exit Strategie vir ze bereeden? Wat waren d‘ Resultater vun dësen Etüden?
  3. Sinn d’Donnéeë vu mindestens engem substantiellen Deel vun allen infizéierte Patienten anonymiséiert ausgewäert ginn ? Kann een aus dësen Daten erausliese wien zu Lëtzebuerg méi een héije Risiko huet e schwéiere Krankheetsverlaf ze hunn, also hospitaliséiert ze ginn, mussen op der Intensivstatioun behandelt ze ginn, muss Intubéiert ginn a schlëmmstefalls un der Krankheet ka stierwen ?
  4. Sinn d’Daten vun de verstuerwene Patienten anonymiséiert ausgewäert ginn, besonnesch vun de méi jonke Patienten ënner 40 Joer ? Wéi vill dovun hate chronesch Virerkrankungen ?
  5. Wéi eng konkret Mesuren si wärend der Sortie aus dem Confinement virgesi fir déi definéiert Risikogruppen ze schützen ?
  6. Konnt aus den Auswäertunge vun alle bis elo gesammelten Daten an hiren Auswäertunge konkret Mesurë fir eng rationell Exit Strategie ofgeleet ginn? Wa jo, wéi eng sinn dat? Wann neen, firwat?
  7. Elo wou d’Schoulen erëm opginn,ass et wichteg ze wësse wéi gefährt d’Kanner sinn an och wéi eng Roll si beim Verbreede vum COVID-19 spillen. Wéi vill Kanner a Jugendlecher si bis elo positiv getest ginn a wéi war hire Krankheetsverlaf? Wéi grouss ass bei hinnen d’Viruslaascht am Verglach zu den Erwuessenen? Wéi wichteg sinn d’Kanner als Porteur vun de Viren?
  8. Wat fir lëtzebuergesch Fuerschungsprojeten an Etüden zu COVID-19 si bis elo ugelaf? Ginn et eventuell schonn éischt Resultater déi konnte mat afléissen an d’Exit Strategie?
  9. An der geschriwwener Presse vun haut huet d’Spriecherin vun der Santé gesot datt eventuell Fuerschungsprojete mat auslänneschen Universitéite geplangt wieren. Wéi eng sinn dat a wéiwäit sinn déi Gespréicher?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck