D’Schüler kréien fir d’Mëttespaus eng personaliséiert “Frupstut”. Kann de Bildungsministère eis dozou méi Detailer ginn ? Kann de “social distancing” assuréiert ginn wann di Jonk zu Mëtteg iessen oder gëtt an der Schoulklass giess ?

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Edukatiounsminister weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no bleiwen, op Grond vun der aktueller sanitärer Situatioun, alleguer d‘ Restopolis-Restauranten a -Cafeteriae bis op Weideres zou. Als Alternativ bidden d’Prestateuren de Schüler vum 4. Mee  un eng personaliséiert „Frupstut“ un. Et ginn dem Schüler Platen wéi Sandwichen oder Zaloten ugebueden. Iwwert d‘ Internetsäit oder d‘ App kann een 3 Menü-Formulen reservéieren di da moies tëschent 9:30 an 11:30 virun de Klassesall bruecht ginn.

An dësem Kontext well ech folgend Froe stellen:

  • A wéi engem Emballage gëtt des „Frupstut“ (y compris de Couvert) geliwwert ?
  • Sëtzt de Minister op Nohaltegkeet an deem gratis PET Fläschen ugebuede ginn?
  • Wann d’Iessen tëschent 9.30 an 11.30 ausgeliwwert gëtt, wéi gëtt sécher gestallt dass näischt dra verdierft?
  • Ass de Minister der Meenung, dass 1 Zalot an/oder 1 Sandwich den Ernährungsbesoine vu Jugendleche gerecht gëtt?
  • Wou iessen déi Jonk hier „Frupstut“? Kann de “social distancing” assuréiert ginn wann di Jonk zu Metteg iessen oder gëtt an der Schoulklass giess?

 

Mat déiwem Respekt,

Diane Adehm

Deputeiert

Zréck