Wéini fänkt den Nei- an Ausbau vum CIPA zu Rëmeleng un ?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, des parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.

An der Aktualitéitsstonn vum 23.Oktober 2019, déi d’CSV zum Drëtten Alter ugefrot hat, sot d’Madamm Ministesch dat SERVIOR vum Ministère den offiziellen Optrag kritt huet den Nei- an Ausbau vum CIPA zu Rëmeleng ze kucke fir dass dësen elo definitiv „désengorgeiert” gëtt fir dat endlech ka gebaut ginn. Säitdeem si 6 Méint vergaangen, mee de Projet läit nach ëmmer op Eis.

An dem Kontext, well ech folgend Froen un d’Madamm Familljeministesch stellen:

  • Wou ass den Dossier aktuell drun?
  • Wessend dat den Dossier vum CIPA zu Rëmeleng vu SERVIOR als Bauhär iwwerholl ginn ass, wéi eng konkret Mesuren huet de Familljeministère als Verantwortleche vu SERVIOR schonn ënnerholl, respektiv wäert nach ënnerhuele fir den Dossier ze „désengorgeieren”?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck