Musse gesetzlech Upassunge gemaach ginn fir dem „Home Schooling“ di néideg legislativ Basis ze ginn?

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Edukatiounsminister weiderzeleeden.

Zanter dem 16. Mäerz sinn d’Schoulen zou. De mënschleche Kontakt gëtt evitéiert, ma d’Léieren geet weider via den Home Schooling.

An dësem Kontext well ech folgend Froe stellen:

  • Musse gesetzlech Upassunge gemaach fir dem „Home Schooling“ di néideg legislativ Basis ze ginn?
  • Wa jo, wéi eng?
  • Wéini sollen des Upassunge gemaach gin?

 

Mat déiwem Respekt,

Martine Hansen

Zréck