Wou ass de Projet vum “séieren Tram” tëscht der Haaptstad an Esch drun ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Am Juni 2018 huet den Här Minister de multimodale Projet vum „Séieren Tram“ op der Axe vun der A4 tëscht der Haaptstad an Esch virgestallt, dee soll bis 2035 realiséiert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

Wéi sinn d’Planifikatioune fir dëse Projet säit 2018 viru komm?
Goufe schonn Emprise gemaach ? Wa jo, zu wéi engem Präis?
Wéi vill Prozent vum benéidegten Terrain sinn den Ament an der ëffentlecher Hand?
Wéi gëtt d’Situatioun op den Autobunns- Op- an Offaarte gereegelt?
Wëssend dass et hei just em déi „Escher Streck“ geet a wëssend datt op de Axen Tréier resp. Arel déi selwecht Verkéiersproblemer bestinn, wollt ech wësse wat fir hei fir Mesuren ugeduecht sinn?
Sinn den Ament Etüden am Gaang gemaach ze ginn?
Denkt de Minister hei och evtl. un ee séieren Tram, eng Busexpressspuer, oder soss un eng Alternativ?
Ass de Minister weiderhin der Meenung datt den Datum vun 2035 kann agehale ginn.
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Félix Eischen

Deputéierten

Zréck