Den Adapto Service gëtt zesummen mam ëffentlechen Transport vum 1. Mäerz 2020 un gratis. Vu dass d’Reform vum Adapto-Service schonn a knapps zwee Méint a Kraaft trëtt stelle sech nach vill ongekläerte Froen.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dringlech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit iwwert d’ Reform vum ADAPTO weider ze leeden.

D‘ Regierung hat eng Reform vum Adapto-Service decidéiert, deen elo, zesumme mam ëffentlechen Transport, vum 1. Mäerz 2020 un och gratis gëtt. Nei ass ee Logiciel (Plattform) mat deem den Adapto-Service an Zukunft organiséiert a geréiert gëtt.

Vu dat d‘ Reform schonn den 1. Mäerz a Kraaft trëtt, stellen sech nach vill ongekläerte Froen, souwuel fir d ‘Entreprisen an d ‘Chaufferen, wéi och fir d´Utilisateuren. An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d ‘Regierung stellen:

Laut eisen Informatiounen mussen all d´ Utilisateuren elo en neien Adapto-Formulaire ausfëllen fir eng néi Kaart ze kréien. Di aktuell Kaarten wieren vum 1. Mäerz un net méi valabel. Laut Formulaire heescht et dann och : « Je comprends et j’accepte que mes données puissent être utilisées dans le cadre de la vérification de mon aptitude à conduire un véhicule. »

  • Kann de Minister eis des Informatiounen bestätegen?

 

  • Ween decidéiert iwwert des Aptitude?

 

  • Ween féiert sou eng Prüfung duerch?

 

  • Mussen d’ Beneficiairen erëm bei den Dokter éier si déi nei Kaart kënne kréien?

 

  • Kënnen d´Utilisateuren, deenen nach eng „aptitude à conduire un véhicule“ verifizéiert gouf, och gläichzäiteg op den Adapto-Service zeréckgräifen?

 

  • Wann nee, firwat gëtt deene Leit net die zwou Transport-Méiglechkeeten gelooss, an esou och e weideren Deel vun hirer Onofhängegkeet?

 

  • Ass den neie Formulaire zesumme mat der Zivilgesellschaft am Beräich Handicap gekuckt an ofgeschwat ginn?

Den Dispatching vum neien Adapto-System soll elo mat der Reform bei der Mobilitéitszentral leien, iwwert deen d ‘Leit an Zukunft hir Trajeten kënne reservéieren.

  • Huet Mobilitéitszentral genuch Personal fir dësen Dispatching ze geréieren?

 

  • Huet d‘ Mobilitéitszentral d‘ Datebanke vun all de betraffene Leit?

 

  • Ass d‘ Personal vun der Mobilitéitszentral  genuch forméiert fir ze wësse wéi eng Busser fir wéi eng Besoin ‘en vun den Utilisateuren a Fro kommen (Utilisateuren mat physeschem Handicap)?

Am Kader vun der neier Reform, gouf och eng Applikatioun (APP) kreéiert mat deenen d‘ Leit de Bus kënne reservéieren, d‘ Route vum Bus live suivéieren an esou au courant kënne sinn wéini hire Bus bei hinnen ass.

  • Ass sech de Minister bewosst dat di meescht Utilisateuren eeler Leit sinn di, villäicht en Handy hunn, awer mam System vun den „Apps“ net eens gin?

 

  • Wéi kann sécher gestallt ginn, dat di Leit un hiren Bus/Buschauffer kommen, besonnesch fir erëm Heem gefouert ze ginn?

 

  • Kréien d`Chaufferen, respektiv Mataarbechter vun den Transporteuren eng Formatioun fir mam neien Logiciel kënnen ëmzegoen?

 

  • Wéi gin d’Trajeten un d’Bus-Entreprisen bezuelt?

 

  • Wéi ginn hir „Leerfahrten“ verrechent?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marco Schank                                                       Martine Hansen

Députeierten

 

 

Zréck