D’Äntwert op des parlamentartesch Fro fann der hei : QP 1724
Här President,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weider ze leeden.
De Schwammunterrecht ass fir d‘ Kanner e grousse Spaass- fir d‘ Enseignanten allerdéngs oft eng Erausfuerderung besonnesch wann si mat deene klengen aus dem C1 schwamme ginn. Eng Klass vun oft 15-18 Schüler gläichzäiteg ze superviséieren, duschen an hëllefen unzedoe fuerdert Konzentratioun a Multitasking-Fäegkeete vum Léierpersonal.
An deem Kontext wëlle mir folgend Froen un de Minister stellen:
- Wéi vill Spillschoulsklasse gi schwammen?
- Wéi vill Schüler sinn an der Moyenne an enger Klasse vum C1?
- Ass de Minister der Meenung dat 1 Persoun duergeet vir eng ganz Klass wärend dem Schwammunterrecht (besonnesch virum Cour an nom Cour) ze encadréieren?
- Ass de Minister net der Meenung dat d‘ Presenz vun enger weiderer Begleetpersoun och am Interessi vun der Sécherheet vum Kand wier?
- Gedenkt de Minister d‘ Méiglechkeet vun enger weiderer Begleetpersoun dem Léierpersonal unzebidden?
- Wa jo, iwwerhëlt de Ministère déi zousätzlech Chargen ?
Mat déiwem Respekt,
Françoise Hetto Nancy Arendt
Deputeiert
Zréck