Wéi eng Konsequenzen hunn déi substantiell Hausse vun de Pëtrollspräisser op déi weider geplangten Erhéijungen ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kënn der hei no liesen : QP1661

Här President,

Esou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden, folgend dringend parlamentaresch Fro un den Här Energieminister an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

 

RTL mellt geschter Owend, dass den Diesel ëm Hallefnuecht ëm plus 6,8 Cent de Liter an de Bensin ëm plus 5,3 Cent de Liter an d’Luucht ginn. Donieft geet och de Brennes ëm 1,2 Cent an d’Luucht.

 

Dobäi haten d’Ministere Gramegna, Turmes an Kersch nach am Dezember 2019 op eng Hausse vun den Akzisen vu bis zu 5 Cent um Liter Diesel a vu bis zu 3 Cent um Bensin/Liter tëscht Februar an Abrëll 2020 verwisen.

 

Duerfir wéilte mir folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

 

– Wéi schlësselt sech dës Hausse genee op (Produktiouns-, Transport-, Verkafskäschten etc.) ?

 

– Gedenkt d’Regierung, trotz dëser substantieller Hausse vun de Pëtrolspräisser op Hallefnuecht a méigleche weideren Haussen am Zesummenhang mat der Iran-USA-Kris, un der annoncéierter Hausse vun den Akzisen vun 3 bis 5 Cent de Liter tëscht Februar an Abrëll 2020 festzehalen?

 

– Ass d’Regierung net vill méi der Meenung e Moratoire betreffend den Akzisenhausse vu Februar-Abrëll 2020 ze beschléissen?

 

– Wann net, missten hei net direkt sozial Ausgläichsmoossname getraff ginn? Wa jo, wéi sollten dës Moossnamen ausgesinn?

 

– Wëll d’Regierung des Weideren, wéi an eiser Motioun vun Dezember gefuerdert, d’Deierungszoulag no uewen upassen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Gilles Roth

Deputéierten

 

Zréck