Här President,
Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Budget- a Finanzminister.
Laut eisen Informatiounen soll d’Editioun vum sougenannte „Code fiscal“, eng Zesummestellung vu Gesetzer betreffend d’Steierlandschaft, inklusiv Foussnoten, Circulairen vum Direkter, Dengschtnoten a Jurisprudenzen asw. agestalt ginn.
Et ass dëst e wichtegen Outil fir d‘Steierverwaltung a seng Beamten, awer och fir de Steierzueler selwer.
Aus deem Grond wéilte mir folgend Froen un déi uewe genannte Ministere stellen:
· Kënnen d’Ministeren dës Informatioun bestätegen?
· Wéi ee Budget war fir d’Editioun vum „Code fiscal“ am Joer 2019 virgesinn a ka, laut eisen Informatiounen, fir 2020 an doriwweraus vu staatlecher Säit net méi opbruecht ginn?
· Huet d’Regierung wëlles der Steierverwaltung an de Steierzueler en ähnlechen Outil zur Verfügung ze stellen?
– Wa jo, ënnert wéi enger Form?
– Wann nee, deelt d’Regierung d’Aschätzung, dass domadden e wichtegen Outil fir d’Steierverwaltung, respektiv de Steierzueler verluer geet?
Mat déifstem Respekt,
Martine Hansen
Depuéiert
Gilles Roth
Deputéierten