Datesécherheet vu Schoulkanner a Léierpersonal bei der Benotzung vun der Software Microsoft Office am Kader vum “Digital classroom Letzebuerg”

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Datesécherheet vu Schoulkanner a Léierpersonal bei der Benotzung vun der Software Microsoft Office am Kader vum ‘Digital classroom Letzebuerg’  un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden .

Engem Befonnt vun engem dätschen Dateschutzbeoptraagten no ass d’Benotzen vun Microsoft Office an Schoulen net zoulässeg, dat well dësen Service géint d’Dateschutzgesetzer verstoussen géif. D’Sammelen vun sougenannten Telemetrie-Daten géif deemno géint d’EU Dateschutzgesetz (GDPR) verstoussen wat eng besonnesch Protektioun vun Daten vun Kanner virgesäit.  Am Kader vum ‘Digital classroom Letzebuerg’  gräifen och lëtzebuergesch Schülerinnen a Schüler souwéi d’Léierpersonal op déi betraffen Software, Microsoft Office 365 an déi dozougehéierend Cloud-Servicer zréck.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Educatiounsminister Claude Meisch riichten :

  • Kann den Här Minister mir bestätegen dat Daten iwwert d’Verhalen vun Schülerinnen an Schüler vun Microsoft gesammelt an traitéiert ginn?
  • Wann jo, sinn des Praktiken mat dem EU Dateschutzgesetz konform?
  • Kann den Här Minister ausschléissen dat vun Microsoft gesammelten Daten un Drëttstaaten transferéiert kennen ginn?
  • Kann den Här Minister mir soen op Schülerinnen a Schüler och op aner subventionéiert Alternativen zréckgräifen oder mat verschidden OpenSource Softwaren schaffen kennen, wéi se jo am Kader vum Koalitiounsaccord verstäerkt an der Administration publique sollen agesat ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen. 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck