No wéi enge Kritère goufen déi 3 nei Posten am Convention Bureau besat ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mëttelstand an Tourismus weider ze leeden.

De Ministère vum Mëttelstand huet, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg an an Zesummenaarbecht mat Gaining Edge, Ufank Februar eng Annonce opgi fir dräi Leit fir de neie Convention Bureau anzestellen: e CEO, ee Sales Manager International Associations an een Business Development / Convention Services Manager.

Ech wéilt dem Här Minister e puer Froen zum Rekrutement stellen an wëssen, no wat fir enge Kritären dës Poste besat gi sinn:

Waren d’Sproochekenntnisser, nom Prinzip „Zukunft op lëtzebuergesch“ e Kritär beim Rekrutement? Respektiv, mussen d’Kandidaten net op mannst eng vun den dräi Landessprooche kënnen?
Kann de Minister eis confirméieren, dass fir d’éischt um nationalen Aarbechtsmaart gekuckt ginn ass fir Personal ze fannen, dat op Grond vun den ausgeschriwwene Kritäre qualifizéiert wär, éier um internationale Marché gekuckt ginn ass?
Wéi vill Beruffsausbildung ass fir esou e „Poste à Responsabilité“ gefuerdert?
Si fir d’Kandidate Basiskenntnisser iwwer d’Land an iwwer de lëtzebuergesche Marché erfuerdert?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck