Keng adequat Offer am ëffentlechen Transport am ländleche Raum: Schafft d’Regierung un engem Gesamtkonzept fir den ëffentlechen Transport?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer den ëffentlechen Transport un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Leider muss ee feststellen datt et am ländleche Raum nach ëmmer un enger adequater Offer am ëffentlechen Transport feelt. Dagsiwwer sinn d’Verbindungen, leider meeschtens awer just a Richtung Staat an zréck, nach ganz akzeptabel. Owes a wärend dem Weekend hunn  Leit aus dem ländleche Raum déi keen Auto hunn, awer guer keng gutt Offer vum ëffentlechen Transport. Wat och feelt si Verbindungen tëscht den Uertschaften an enger Regioun. Well Busser zur spéider Stonn vill Dierfer net méi ufueren ass et de Leit dann net méiglech Owes u Manifestatiounen a gréisseren Uertschaften deel ze huelen, well se net méi heemkomme wann se keen Auto hunn.

Am Hibléck op d’Aféierung vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport am Mäerz 2020, wier et sënnvoll e Gesamtkonzept auszeschaffen, dat eng akzeptabel Offer fir de ganzen Territoire vum Land virgesäit, fir datt och all Awunner eppes vun der Gratuitéit hunn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Schafft d’Regierung un engem Gesamtkonzept fir den ëffentlechen Transport?
  • Kéint et eng Léisung sinn, op den Haaptaxe Schnellbusser mat guddem Takt fueren ze loossen a ronderëm e System mat Ruffbusser anzeriichten, déi tëscht de Gemengen a bis op d’Haaptaxe fuere wou d’Leit dann an d’Schnellbusser ëmklamme kënnen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch                               Octavie Modert                                            Léon Gloden

Deputéiert                                                          Deputéiert                                                     Deputéierten

Zréck