An der geschriwwener Presse war en Artikel iwwer d’Hotellerie zu Lëtzebuerg an d’Tatsaach datt eng sëllechen Hoteller, notamment am Raum Mëllerdall-Iechternach hir Diere mussen zou maachen, well de Generatiounswiessel ganz schwiereg ass a kaum een do ass deen de Betrib nach wëll weiderféieren.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir den Tourismus an de Mëttelstand weider ze leeden.

An der geschriwwener Presse vun haut war en Artikel iwwer d’Hotellerie zu Lëtzebuerg an d’Tatsaach datt eng sëllechen Hoteller, notamment am Raum Mëllerdall-Iechternach hir Diere mussen zou maachen, well de Generatiounswiessel ganz schwiereg ass a kaum een do ass deen de Betrib nach wëll weiderféieren.

Am Regierungsprogramm 2018-2023 gouf festgehalen datt: „Les mesures tendant à éviter des pertes de capacités hôtelières supplémentaires et les modèles pouvant être mis en place afin d’assurer la continuité des activités et la transmission de certains établissements hôteliers seront étudiées.”

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Ëm wat handelt et sech konkret bei de Mesuren a Modeller déi am Regierungsaccord ugeschwat ginn? Wéi eng vun dëse Mesuren an Etüden si schonn an d’Weeër geleet ginn?
  • Wier et fir d’Regierung eng Méiglechkeet datt de Staat a verschiddenen Regiounen bestoend Hotelsinfrastrukturen géif iwwerhuelen, moderniséieren an dann un e Gestionnaire weiderginn? Deelt d’d’Regierung d’Méiglechkeet datt dëst e sënnvollen Investissement wier fir erëm weider Touristen unzezéien?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Octavie Modert                     Françoise Hetto-Gaasch                    Léon Gloden

Deputéiert                              Deputéiert                                          Deputéierten

 

 

Zréck