Néi Oplagen an Aschränkunge fir d’Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 480

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Wanderweeër am Land un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

D’Wanderen ass ee Breedesport zu Lëtzebuerg, deen vun ëmmer méi Leit exerzéiert gëtt. Laut mengen Informatioune kritt d’Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung nei Reglementatiounen an Oplagen operluecht, déi hier Aktivitéit aschränke géif. (e.a. solle motoriséiert Gefierer net méi erlaabt sinn)

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  • Kann d’Madamm Minister déi uewe genannten Informatioune confirméieren?
  • Wann jo, wéi eng Oplage kréien d’Wanderfrënn genau gemaach?
  • Aus wéi engem Grond ginn dës Oplagen operluecht?
  • Sinn eventuell Ausnamen zu dësen Oplage virgesinn? (z.Bsp. fir de Gebrauch vu motoriséierte Gefierer fir d´Organisatioun vun de Wanderungen)
  • Ass d’Madamm Minister net der Meenung, duerch nei Reglementatiounen dëse Breedesport, deen insgesamt als ganz ëmweltfrëndlech kann ugesi ginn, a senge Méiglechkeeten anzeschränken?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck