„Plastikmüll“: Wat fir eng konkret Mesuren si bis elo geholl gi fir de Plastiksoffall ze reduzéieren?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link:  QP 470

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung wieder ze leeden.

D’Regierung huet an hirem Programm ugekënnegt de sougenannte „Plastikmüll“ wëllen ze reduzéieren. Konkret steet Folgendes am Koalitiounsaccord:

« A l’instar de l’initiative de la Commission européenne concernant les plastiques à usage unique, des mesures ciblées seront prises pour réduire les emballages en plastique et interdire à moyen terme les plastiques à usage unique. Des alternatives seront élaborées en associant davantage le secteur du commerce. Un accent particulier sera mis sur la responsabilisation des acteurs étatiques, notamment dans les écoles, les cantines publiques et les administrations publiques. »

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Wat fir eng konkret Mesuren si bis elo geholl gi fir de Plastiksoffall ze reduzéieren?
  • Ginn et „Incentives“ fir d’Gemengen ze motivéieren de Plastiksoffall ze reduzéieren?
  • Waat fir eng Mesurë gesäit d’Regierung fir an der Lutte géint déi vill Plastiksverpackungen z.B. beim frëschen Uebst a Geméis?
  • Wëssend datt a gutt 3 Méint, um Virowend vum Nationalfeierdag, mat dat gréisste Volleksfest am Land stattfënnt, gesäit d’Regierung konkret Mesurë vir, fir ob dësem groussen a wichtege Fest, de Plastiksoffall ze reduzéieren?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch            Octavie Modert                     Léon Gloden       

       Deputéiert                                   Deputéiert                           Deputéierten

Zréck